Benotzerfrëndlech

Einfach fir den Computer ze botzen.

Schnell

Et kann een relativ schnell dorobber bauen.

Effikass

Dank de Läschter gëtt d’Gehais gutt ofgekillt.

Kompakt

Trotz klenger Gréisst, passe grouss Saachen dran.

Ee vun déi Funktiounen ass den Klicksystem, wat et onheemlech einfach mécht fir de Computer ze botzen. Zousätzlech kann ech séier an einfach de ganze Computer a just 15-60 Minutten zesummebauen.

Wärend vill Leit fir méi grouss Gehaiser entscheeden soudass all hir Komponenten passen, fënnt mäi Gehais de perfekte Balance tëscht Kompaktheet a Kompatibilitéit. Et kann souguer déi gréisste Grafikkaart wéi déi RTX 4090 abauen.

Trotz senger kompakter Gréisst kann mäin Gehais bis zu 8 Lüfteren abauen, vill grouss Gehaiser déi méi grouss sinn, kënnen maximal 6 abauen. Egal ob Dir d’Loftkühlen oder d’Waasserkillung léiwer hutt, béid Optioune ginn ënnerstëtzt. Och den bekannten Noctua NH-D15, ee vun de gréisste Loftkühler verfügbar, passt perfekt. Oder dir kënnt eng 360mm Waasserkühler installéieren.

Fir Opreegung ze addéieren, bidden ech e Modell mat engem agebaute Bildschierm un. Dës Funktioun erlaabt Iech d’Gehais als zweete Monitor ze benotzen, wat Iech endlos Méiglechkeeten ubitt.

Klenge iwwerbléck

Wat kann den Bildschierm?

Gehéis kompabilitéit

Héicht: 36,3 cm
Breet: 20,5 cm
Längt 45,2 cm

Schwaarz oder wäiss

5,8 kg (ouni d’Hardware)

mATX –  ITX – DTX

ATX gëtt net supportéiert!

120 mm – 140 mm – 240 mm280 mm – 360 mm

Ofhängeg wéi héich den Netzdeel ass.

Vun 330 mm bis 400 mm

ATX (SFX usëch och)

Falls den Netzdeel méi laang wei 140 mm ass, dann wier d’Maximal gréisst fir d’Grafikkart 330 mm.

2x 2,5 Zoll SSD / HDD

1x 3,5 Zoll Festplatt
Mat enger 3,5 Zoll Festplatt kann 2 Lüftere verbannen anstatt 3.

1x USB 3.2 Gen 2 Type-C

1x USB 3.2 Gen 1 Typ A

1x AUX

Uewen
3x 120mm – 2x 140mm

Ënnen
3 x 120mm
(2x 120mm falls eng 3.5 Zoll Festplatt dobäi ass)

Hannen
1x 120mm (ass inklusiv)

Fir
1x 120mm
Wann den Netzdeel méi grouss wéi 140mm ass oder e 360mm Waasserkühler installéiert ass, passt kee Lüfter!