Wëlkomm a merci fir äert Interess ee Computer vu mir opgebaut ze kréien.​

Ech wäert Iech puer froen stellen fir ze wëssen wat zu Iech am beschten passt. Op dir Iech mat Computer auskennt oder net, dat ass egal. Déi froen déi ech Iech stelle muss ee keng Kenntnisser mat Computer hunn. Nodeem dir dei Froen beänftert hutt këmmeren ech mech mat allem wat duerno am beschten zu Iech passt. Pret?

Als éischt mol wéiee Geheis weillt dir gären?

Et kann een näischt falsches auswielen, et ass haaptsächlech just den ausgesinn.
Falls dir ee Geheis fonnt hutt mee net wësst wei et heescht, kënnt Dir d'Foto schecken. Ech versiichen erauszefannen wéieen et ass.

Wei wäert dir den Computer benotzen?

Mat dëser Fro kann ech méi eng Idee kréien wat ech huelen kann. Ass et mei fir allgemeng benotzung also Multimedia, Office an Internet oder nach mat Gaming oder souguer éischter am professionelle Beräich wei 3D Renderen, Video,- Fotobeaarbechtung, Programméieren an sou?

Wat bedeit déi eenzel Stécker?

Wifi:
Domadder kennt dir äere Computer ouni LAN Kabel mam Internet verbannen.

Bluetooth:
Falls dir ee Kontroller, Lautspriecher, Smartphone oder soss wéilt ouni Kabel verbannen misst een Bluetooth hunn.

CD/DVD oder Blu-ray:
Hautdesdaags muss een déi net hunn, Filmer kuckt een Online esou wei Musek. Spiller a Programmer luet een vum Internet.

SD Kaartelieser:
Wei den Numm seet, dat ass falls dir oft mat SD Kaarten vu Foto-/Videokamera schafft an d'SD Kaart direkt um Computer uschléissen wéilt.

LED Beliichtung:
Et kann een Luuchten am Computer hunn soudass een bannen eppes gesinn kann, dat heiten ass nëmmen fir optesch schéin ze maachen.

Microsoft Office:
Den Office ass leider net gratis. Word, Exel an PowerPoint sinn Programmer vu Microsoft déi bei 120€ (Präis nokontrolléieren).

Info:
Mei wei 6 USB sinn schon drop, HDMI (a Display Port) esouwei Kabelinternet an Soundkaart ass schon préinstalleiert.

Wat ass äere Budget a wéini wéillt dir den Computer kaafe?

Esou kucken ech wat ze huelen ouni äere Budget ze iwwerschrëtten. Klenge Tipp, den opbau, Installatioun an d'hëllef ass wéi üblech gratis, steet jo iwwerall.

Soubal äert Noriicht fortgeschéckt gouf, kritt dir am laf vun den nächsten Stonnen eng Äntwert mat wat alles drop kennt. All hëllef déi ech ubidden ass gratis inklusiv Computer opbauen. All Computer déi ech opbauen kommen mam neiste Windows Update installéiert a mam Windows Security aktivéiert, een Anti-Virus deen liewe laang gratis ass a relativ gutt. Falls dir weider Infoen braucht wäerten mir nach a Kontakt kommen. Ech freeën mech schonn op äerem Computer!