Keng Panik!

Och wann Windows 10 ab dem 15. Oktober 2025 keng Updates méi kritt, leeft Äre Computer weider ouni Problem.

Geet mäin PC nach?

Jo. Den Enn vum Support bedeit nëmmen, dass kee Sécherheetsupdate méi kënnt. Den Computer funktionéiert awer normal weider.

Wat geschitt dann?

Direkt näischt. Ech gesinn nach ëmmer Clienten mat Windows 7 – dat kritt säit 2020 keng Updates méi, an d’Maschinne lafen nach ëmmer.

Wou läit de Problem dann?

An deene leschte Méint gesinn ech een ëmmer méi oft Problemer, dass verschidde Programmer a Websäite mat Windows 7 net méi kompatibel sinn. Dat selwecht wäert och mam Windows 10 geschéien. Lues a lues wäerten Programmer a Websäiten net méi kompatibel sinn.

Wéini ass et esou wäit?

Dat dauert. Well nach ronn 45 % vun alle PCen weltwäit déi um Internet sinn, laafen nach op Windows 10. Also nach puer Joeren?

Kann ech Windows 11 hunn?

Offiziel muss den Computer mindestens vun 2018 oder neier sinn. Genau gesoot, een Intel vun da 8. Generatioun oder AMD Ryzen vun da 2. Generatioun.

Den Computer ass aal...

Dat ass kee Problem, ech kann eng kleng manipulatioun maachen, fir Windows 11 trotzdeem ze installéieren. Dat kascht näischt extra an aus iwwer 300 Installatiounen haten nëmmen 4 kleng Problemer.

Wat soll een maachen?

Entweeder mir maachen ee Termin aus soudass ech Iech hëllefen kann den modifizéierten Windows 11 installéieren. Oder mir wiesselen den Prozessor fir eppes mat Windows 11 kompatibel.

Ech wëll den Windows 11 hunn

An der Rei! Mir kënnen duerch eng kleng Manipulatioun den Windows 11 trotzdem installéieren. Dat dauert ongeféier 1–2 Stonnen. Schreif mir einfach, falls Dir interesséiert sidd.