[vc_row][vc_column width=”1/1″][vc_column_text]Hei den Review vum Microsoft Surface RT. En huet mech am éischte bléck iwwerrascht mee wou ech en getest hunn, hunn ech bemierkt dass deen awer net sou gutt ass wei erwaart.[/vc_column_text]

[/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column width=”2/3″][vc_column_text]Microsoft huet ee schéinen Tabet hei gebaut mee fir de Präis ass et ee bëssen ze vill. Zumolst wann een d’Microsoft Surface Pro helltt, et nach méi deier oder mam  Touch Cover! Ech wees net genau wei ech en unhale soll, bei Tablets halen ech se ëmmer bei da mëtt mee do ass d’Windows Start Button deen nervt dofir halen ech d’Surface op da Kopp. De klenge Ständer fannen ech ee bëssen ongemittlech. Op de Schous oder beim setzen ass deen nach ëmmer vill ze Vertikal; se sollt méi erof goen. Deen ass awer ganz gutt wann de mam Touch Cover schaffs, dann ass den Ständer zimlech praktesch.[/vc_column_text]
[vc_column_text]Wei dir wësst, Windows RT kann keng Programmer installéieren, also keen iTunes, kee Google Chrome, kee WinRAR, näischt! Ausser déi vum Windows Store. Op dat eppes guddes ass, naja ech hunn schonn een Haapt Computer wou ech drop schaffen also ass d’Surface éischter ee klenge PC fir ënnerwee. Trotzdem nee, ech gi kuerz domadder eraus a wollt da puer saachen eroflueden a kann net well den Internet Explorer net de beschten Download Manager ass. Et ass een esou gewinnt dass ee Programmer kann huelen, dofir fir mech ass dat ee muss hunn bei engem Windows System. Dofir rekommandéieren ech d’Surface Pro léiwer mee mengen mir zwee hunn di selwecht Meenung; 799€ ass ze deier. Dofir rekommandéieren ech den Asus Transformer Book T100, deen ass ee vollstännege Windows PC fir ee Präis vun 399€ deen sou gutt ass wei d’Surface Pro[/vc_column_text]
[/vc_column][vc_column width=”1/3″]
[/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column width=”1/2″][vc_column_text]Bon genuch gemeckert mam Windows RT, komme mir mol bei da Performance… Ech si mega enttäuscht; hat besseres erwaart. Du hues 2 Tabs op (Facebook & Feedly) an am Hannergrond den TuneIn Radio a scho blockt d’Surface. Kann kaum eng Noriicht op Facebook schécken ouni dass et laggt (blockt). D’Surface ass méi geduecht fir just 1-2 App op ze hunn. Wann de dann 1 App hues klappt et dann dass alles flësseg geet. Film kucken, Facebook, Office benotzen oder Musik lauschteren alles klappt falls de just 1-2 saachen op hues.[/vc_column_text]
[vc_column_text]Kuerzfaassung: D’Microsoft Surface ass net grad de beschte Modell deen et gëtt; kompareiert vun aner Tablets. Mir gefëllt wei d’Idee gemaach ginn ass, mam Ständer an sou mee et kéint besser sinn. Windows RT ass wierklech net rekommandéiert, zumolst wann de fir de selwechte Präis fir een aneren Tablet kriss mam vollständechen Windows. Hardware ass et och net dat bescht. Ass souguer méi schlecht als de Laptop vu menger Schwëster dee scho 6 Joer Aal ass. Ech erwaarde méi bei dësem Microsoft Surface.[/vc_column_text][/vc_column][vc_column width=”1/2″][vc_column_text]Den Akku huet mech awer iwwerrascht! Gutt 6 Stonnen hunn ech vill mat deem gemaach an en ass nach ëmmer bei 20%, d’Surround ass och ganz gutt. MicroSD fir méi späicher ass gutt well wann de 32GB hues an du Installéiers d’Windows a puer saachen da bleifs de mat 15GB iwwerreech. Den Display ass guer net sou schlecht, kann ee vu wäitem gutt d’Texter gesinn, schéi Faarwen an halt guer net esou schlecht. Hell genuch an net ze däischter. D’Hardware usech ass net schlecht wann ee vu Performance net schwätzt. Den Touch Cover ass och guer net schlecht! Héiere vu villem et ass exzellent an ech soen et och.[/vc_column_text]
[vc_pie value=”6.5″ color=”#59d600″ appearance=”counter” units=” vun 10″][/vc_column][/vc_row][vc_row bg_color=”#efefef” margin_bottom=”0″ type=”1″ margin_top=”0″ padding_left=”40″ padding_right=”40″ bg_position=”top” bg_repeat=”no-repeat” bg_cover=”false” bg_attachment=”false” padding_top=”20″ padding_bottom=”20″ parallax_speed=”0.1″][vc_column width=”1/2″][vc_video link=”http://youtu.be/GQgtCIEpLVw”][/vc_column][vc_column width=”1/2″][dt_slideshow width=”555″ height=”310″ posts=”microsoft-surface-rt”][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column width=”1/1″]
[vc_column_text]Review Datum: 4. Dezember 2013[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row]