Ass et ee Mac? Luet hei d’Mac Versioun erof.
Download: Intel Serie / Apple Silicon
Ass et ee Windows PC? Luet hei d’Windows Versioun erof.
Download
Ass et ee Mac? Luet hei d’Mac Versioun erof.
Download: Intel Serie / Apple Silicon
Ass et ee Windows PC? Luet hei d’Windows Versioun erof.
Download
Dëst Säit muss mam Computer opgemaach ginn. Den iHelef Remote ass fir Mac a Windows geduecht!
Problemer einfach per distanz hëllefen.
Ouni den Code, kennt keen eran.
Dir gesitt alles wat ech maachen.
Dat ganz dauert puer Sekonnen.
Den iHelef Connect ass ee Programm mat deem ech Iech op Distanz hëllefe kann. Mat Ärer Erlaabnis kann ech äre Bildschierm gesinn an de Computer bedéngen, esou wéi wann ech nieft Iech géif sëtzen. Dat spuert Iech de Wee bei mech a vill Problemer kënnen direkt geléist ginn.
Ech gesinn dat, wat och Dir op ärem Bildschierm gesitt. Dir kënnt déi ganz Zäit mat ukucken, wat ech maachen, an Dir behalt ëmmer d’Kontroll iwwer de Computer.
Nee. Eng Verbindung ass nëmme méiglech wann Dir den iHelef Connect opmaacht an mir Är ID an dat aktuellt Passwuert gitt. Ouni dës Informatioune kann ech net op Äre Computer zougräifen.
Är Privatsphär ass mir wichteg. Ech maachen nëmmen dat, wat néideg ass, fir Äre Problem ze léisen. Dir kënnt déi ganz Zäit mat ukucken, wat ech maachen, an d’Verbindung zu all Moment trennen.
Den iHelef Connect baséiert op der Open-Source-Software RustDesk. D’Verbindung leeft iwwer mäin eegene Server an net iwwer e Friemprovider. Sou bleift d’Kommunikatioun ënner menger Kontroll.
Nee. Dir braucht kee Kont an Dir musst Iech néierens umellen. Den iHelef Connect kann direkt benotzt ginn.
Jo. Dir kënnt den iHelef Connect zu all Moment zoumaachen oder d’Verbindung trennen. Doduerch gëtt den Zougrëff direkt ënnerbrach.