Universell

Programmer a Spiller vu Windows um Mac laafen.

Wiesselen

Windows oder Mac, béides kann een benotzen.

Design

Mac Design mat Windows Software.

Einfach

Installatioun ass séier an einfach.

Anleitung

All Mac ab 2020 (Déi mam M Prozessor) kënnen net den Windows kréien. Nëmmen als Virtualiséierung mat engem Programm wéi Parallels.

1. Windows Download firbereeden

Gitt op di Websäit vum Windows a lued iech den ISO.

2. Boot Camp-Assistent opmaachen

Nodeem den Download fäerdeg ass, maach d‘Boot Camp-Assistent op.

3. Späicherplaatz auswielen

Wielt äert Späicherplaatz déi dir um Windows wéillt hunn.

4. Gedolt hunn
Ab elo ass den Mac um gaangen eng Partitioun fir den Windows ze erstellen, lued och déi neist Treiber fir herno; alles automatech! Nodeem dat fäerdeg ass, start den Mac vu selwen nei op Windows.
5. Windows konfiguréieren

Elo wielt dir d’Sprooch, Lokalisatioun an Tastaturlayout vun ären Mac.

6. Windows Lizens aginn

Hei gëtt dir d’Lizens vum Windows duerno op weider.

7. Windows installéieren

Windows installéiert elo, ee bëssen gedolt. Dëst kann 5-15 Minutte daueren.

8. Windows Setup

Soubal et installéiert ass, start den Setup vum Windows un. Dir kënnt do äert déi infoe aginn.

9. Boot Camp-Assistent installéieren

Soubal et installéiert ass, start den Setup vum Windows un. Dir kënnt do äert déi infoe aginn.

10. Boot Camp-Assistent Setup

Lizensvereinbachung unhuelen an weider. Elo nees waarden.

Fäerdeg!

Den Mac ass fäerdeg, den Windows ass installéiert. Ab elo kënnt dir den „Windows“ ganz normal benotzen.

Hëllef? Schreif mech un

Froe & Äntferten
Meng Tastatur ass falsch agestallt.

Et ass ee Fehler vum Windows 10 dass d’Tastatur net gespeichert gëtt. Fir et ze léisen, klick op dei Sproochlayout ënnen Lënks. Duerno wielt Sproochastellung.

Wann d’Fënster op ass, klick op äert Sprooch (Land) a wielt Optiounen.

Do musst dir äert Tastaturlayout uwielen déi dir um Mac hudd.

Dunn musst dir just nach zum schluss déi aner Tastaturlayout läschen.

Gitt zéreck an läsch och do déi aner Sprooch (Land) fir kee konflikt ze maachen.

Wei änneren ech dass den Mac start statt Windows?

Bei da Installatioun, wäert Windows den Standard sinn fir unzegoen, dat kann een awer ganz liicht änneren. Um Windows, drëckt ënnen Lënks beim Boot Camp-Systemastellung dunn kënnt dir auswielen op Mac oder Windows gestart gëtt.

 

 

Kann ech Windows nees fort maachen?

Sëcher! Fir Windows nees ewech ze maachen, muss een um Mac Software den Boot Camp-Assistent opmaache an dann op Zerecksëtzen drécken

Kann ech manuell auswielen op et mat Mac oder Windows start?

Jo. Direkt beim umaachen, muss een déi option (bzw. Alt) Tast gedrëckt haalen. Duerno kënnt eng Fënster mat Mac oder Windows.

Kann ech Windows a Mac gläichzäiteg benotzen?

Mat dëser Anleitung net, Boot Camp erstellt eng zweet Partitioun op äerer Festplatt wou dann am Start gewielt gëtt op ee Windows oder Mac starten well. Fir dass ee béides gleichzäiteg benotzen kann, misst een ee Programm wei Parallels benotzen.

Tipp: Zwou Betriesbystemer gläichzäiteg laafen ze loosen, hëlt vill Leeschtung vum Computer fort dofir empfehlen ech den Boot Camp.

Kann een Windows Virus problemer um Mac maachen?

Nee, falls ee Virus sollt an äerem Windows zougräiffen dann ass et och just den Windows. Den Mac Software ass op eng aner Partitioun wou een net kann mat Windows dorober zougräiffen.

Brauch ech een Antivirus fir den Windows?

Windows 10 huet schon ee gudde Anti-Virus agebaut an zwar den Windows Sëcherheet. Deen ass gratis liewenlaang an relativ einfach ze benotzen. Updates an Analysen mëscht et automatech am hannergrond a falls eppes fonnt gëtt, kritt een eng Meldung

Kann ech den Windows Testen eier dass ech kaafe muss?

Majo sécher! Windows 10 kann een 3 Deeg benotzen éier dass een deen muss aktivéieren. No deenen 3 Deeg ginn verschidde Funktiounen deaktiveiert (Hannergrond, Windows Updates, AntiVirus,…) mee et kann een duerno bei den Astellungen den Windows nodränglech aktivéieren.