Universell

Windows Programmer um Mac benotzen.

Wiesselen

Op Mac oder Windows, béides kann een benotzen.

Einfach

D’Installatioun ass séier an einfach.

Wisou Windows um Mac installéieren?

Et ginn puer grënn wisou Windows um Mac keng schlëcht Idee wier. Et ginn Programmer déi nëmmen mat Windows kompatibel sinn oder fir déi wou gäere PC Spiller spillt. Aner grënn wisou Windows praktech wier, ass wann den Mac ze aal gëtt wou dann déi neist Software net méi kompatibel ass. Mat Windows kann een déi äelst Mac weiderhinn mat da aktuellster versioun vum Windows benotzen.

Gitt op di Websäit vum Windows a lued iech den ISO.

Windows Download Link

Nodeem den Download fäerdeg ass, maach d’Boot Camp-Assistent op.

Wielt äert Späicherplaatz déi dir um Windows wéillt hunn.

Géif mindestens 40GB uroden, hänkt dovunner oof wat een alles well drop hunn, muss een méi setzen.

Ab elo ass den Mac um gaangen eng Partitioun fir den Windows ze erstellen, lued och déi neist Treiber fir herno; alles automatech! Nodeem dat fäerdeg ass, start den Mac vu selwen nei op Windows.

Dat kann 10-30 Minutte daueren, jenodeem wei schnell den Internet ass.

Elo wielt dir d’Sprooch, Lokalisatioun an Tastaturlayout vun ären Mac.

Falls een eppes falsches sollt astellen wier net schlemm, kann een duerno wiesselen. Déi astellung fënnt een wann Windows bis fäerdeg ass op Astellungen > Sprooch

Déi meescht Tastaturen sinn folgendes:

– QWERTZ mat éà (Franzeisch Swiss)
– QWERTZ mat öä (Däitsch)
– AZERTY (Franzeisch)

Hei gëtt dir d’Lizens vum Windows duerno op weider.

Et kann een d’Lizens iwwersprangen an herno aginn. Windows kann een 3 Deeg laang Testen.

Windows installéiert elo, ee bëssen gedolt. Dëst kann 5-15 Minutte daueren.

Soubal et installéiert ass, start den Setup vum Windows un. Dir kënnt do äert déi infoe aginn.

Soubal dir um Desktop sidd, start den Setup vum Boot Camp-Assistent un. Klickt op weider.

Lizensvereinbachung unhuelen an weider. Elo nees waarden.

Et ass normal dass de Bildschierm oft flackaren wäert.

Den Mac ass fäerdeg, den Windows ass installéiert. Ab elo kënnt dir den “Windows” ganz normal benotzen.

Windows huet schon een agebauten Antivirus an zwar den Windows Defender.

Um Windows, drëckt ënnen Lënks beim Boot Camp-Systemastellung dunn kënnt dir auswielen op Mac oder Windows gestart gëtt.

Meecht gestallte froen

Wat ass ee Treiber?

D’Treiber handelt sech un eng Software dei et ermeiglecht äere Computer mat da Hardware zesummen ze kommunizeieren. Ouni déi néidech Treiber fonktionneiert Hardware net wei se sollen. (zB. Grafikkart, Wifi, Bluetooth, Kabelinternet, Printer,…)

Kann ech Windows a Mac gläichzäiteg benotzen?

Mat dëser Anleitung net, Boot Camp erstellt eng zweet Partitioun op äerer Festplatt wou dann am Start gewielt gëtt op ee Windows oder Mac starten well. Fir dass ee béides gleichzäiteg benotzen kann, misst een ee Programm wei Parallels benotzen.

Tipp: Zwou Betriesbystemer gläichzäiteg laafen ze loosen, hëlt vill Leeschtung vum Computer fort dofir empfehlen ech den Boot Camp.

Kann ech den Windows Testen eier dass ech kaafe muss?

Majo sécher! Windows 10 kann een 3 Deeg benotzen éier dass een deen muss aktivéieren. No deenen 3 Deeg ginn verschidde Funktiounen deaktiveiert (Hannergrond, Windows Updates, AntiVirus,…) mee et kann een duerno bei den Astellungen den Windows nodränglech aktivéieren.

Kann ech Windows nees fort maachen?

Sëcher! Fir Windows nees ewech ze maachen, muss een um Mac Software den Boot Camp-Assistent opmaache an dann op Zerecksëtzen drécken.

Kann ech manuell auswielen op et mat Mac oder Windows start?

Jo. Direkt beim umaachen, muss een déi Wahltast (Alt) gedrëckt haalen. Duerno kënnt eng Fënster mat Mac oder Windows.

Kann ee Windows Virus an mengem Mac?

Nee, falls ee Virus sollt an äerem Windows zougräiffen dann ass et och just den Windows. Den Mac Software ass op eng aner Partitioun wou een net kann mat Windows dorober zougräiffen.

Brauch ech een Antivirus fir den Windows?

Windows 10 huet schon ee gudde Anti-Virus agebaut an zwar den Windows Sëcherheet. Deen ass gratis liewenlaang an relativ einfach ze benotzen. Updates an Analysen mëscht et automatech am hannergrond a falls eppes fonnt gëtt, kritt een eng Meldung.

Wou keint ech higoen falls ech hëllef brauch?

Gitt op meng Haaptsäit, do fënnt dir Informatioune wou dir mech kënnt kontaktéieren.