Wëllt dir schonn ëmmer äre Windows op Lëtzebuergesch hunn?
Dat ass méiglech an ass och relativ einfach! Brauchs just 5 Minutten (oder manner!).

1) Kontrollpaneau opmaachen dunn Sprooch dobäisetzen

Op den „Kontrollpanneau“ goen dunn eng Sprooch dobäisetzen“ auswielen.

2) Sprooch dobäisetzen

Op eng Sprooch dobäisetzen“ drëcken.

3) Lëtzebuergesch Srpooch auswielen

Siich d’Sprooch „Lëtzebuergesch“ a doppelklick drop.

4) D'Sprooch installéieren

„Sproochepak eroflueden“ an installéieren auswielen a gedolt hunn.
Nodeem et erofgelueden a installéiert gouf; sëtz se als primär.

5) Vum PC Ofmëllen an nees aloggen

Logg dech vum PC of a log dech nees an. Do hues de et, ee Lëtzebuergeschen Windows!

1) Windows konfirméieren

Dir braucht Windows 7 op Englesch oder Franséisch. Soss geet et net!

2) Windows Editioun erausfannen (32bit oder 64bit)

Mir musse wësse wéiee Editioun däi Windows huet op et 32bit oder 64bit ass.
Klick op de Windows Start Button dunn Computer.

Dunn op Systemegeschaften.

Op Betribssystem steet dann wéiee Editioun dir hutt.

3) Download Link

Gitt elo (am bëschten mat Internet Explorer) op dëse Link

Lëtzebuergesch Sprooch

4) Lëtzebuergesch Srpooch eroflueden

Wiel däi Windows Editioun.

5) Download opmaachen

Wann den Download ufänkt, maach en Op.

6) Bestätegung vun da Installatioun

Eng Fënster kënnt fir ze bestätegen dass dir wëllt d’Lëtzebuergesch Sprooch Installéieren.
Klick ëmmer op Wéider.

7) Lëtzebuergesch Srpooch astellen

Soubal alles gemaach ass, selektionnéiert d’Lëtzebuergesch Sprooch a maach de Krob un soudass och beim Wëklommsäit vu Windows op Lëtzebuergesch steet.

8) Computer nei starten a staunen

Zum Schluss den Computer nei starten a erstauen. Äere PC ass elo Lëtzebuergesch!

Dat wor et schonn’s! Sot ech dach et dauert puer Minutten.
Just behal et am kapp. Net alles gëtt op Lëtzebuergesch. Programmer déi dir am Internet erofgelueden hutt wei Google Chrome, CCleaner, iTunes a lauter aner sinn net op Lëtzebuergesch! Just de Windows selwer.