Du wëlls däin iPhone, iPad, iPod touch Jailbreaken? Wees awer net wei et geet? Keng Panik, hei bass de genee richteg! Ech erklären dir wei et geet fir dass de däin iOS Gerät Jailbreaken!
Firun dass de mat eppes ufänks, maach folgendes:

  • Backup mat iTunes maachen
  • Code sperre deaktivéieren

Léiwer ee Backup maachen well wees een nie, kann wahrscheinlech eppes schief goen.
Ausser deng Dateien sinn egal.

Jailbreak ass eraus, komm speider hei laanscht…

Video Tutorial kënnt geschwënn…

Alles wat de brauchs:

  • Windows (Minumum XP)
  • Mac (Minimum OS X 10.7)
  • iPhone 5S / 5C / 5 / 4S / 4
  • iPod touch 5
  • iPad 2 / 3 / 4 Air
  • iPad Mini / Retina
  • iOS 7.1 / 7.1.1 / 7.1.2

Maach däin Internet Browser op a gei Pangu eroflueden. (Download Link).

Setz den USB Kabel vun dengem iOS Gerät a maach evasi0n op (falls iTunes opkennt, maach et zou) a klick op Jailbreak.

No enger Zäitchen freet Pangu d’Datum op den 2. Juni 2014 um 20:30 ze wiesselen. Maach et andeem de op Astellungen > Allgemeng > Datum & Auerzäit > Automatech astellen deaktivéieren dunn den Datum setzen.

Jailbreak - Evasi0n - Schrëtt 2

Nodeem et gemaach ass, klick op den Pangu App op äerem iOS Gerät.

Elo waarden bis däin iOS Gerät seng saach gemaach huet.

Do hues de et! Däin iOS Gerät ass elo gejailbreakt!
Cydia ass den App wou de kanns all Tweaks, Themes a villes méi installéieren!

Bass de nei beim Jailbreak? Da klick hei fir puer Tweaks Reviews ze gesinn: Cydia Tweaks

Sollt ee problem kommen, hei hunn ech et erkläert wéi de kanns déi Feeler behueven.
Problem léisen

Fir ee Video Tutorial, klick hei

Alles wat de brauchs:

  • Windows (Minumum XP)
  • Mac (Minimum OS X 10.7)
  • iPhone 5S / 5C / 5 / 4S / 4
  • iPod touch 5
  • iPad 2 / 3 / 4 Air
  • iPad Mini / Retina
  • iOS 7.0 / 7.0.1 / 7.0.2 / 7.0.3 / 7.0.4

Maach däin Internet Browser op a gei evasi0n eroflueden. (Download Link).

Wiel deng Plattform dunn maach den Download op. Klick op evasi0n a setz se op den Desktop.

Setz den USB Kabel vun dengem iOS Gerät a maach evasi0n op (falls iTunes opkennt, maach et zou) a klick op Jailbreak.

No enger Zäitchen freet evasi0n den App “Evasi0n 7” um iOS Gerät opzemaachen. Maach et!

Jailbreak - Evasi0n - Schrëtt 2

Nodeem et wäerdeg ass, klick op Exit um Evasi0n.

Elo waarden bis däin iOS Gerät seng saach gemaach huet.

Do hues de et! Däin iOS Gerät ass elo gejailbreakt!
Cydia ass den App wou de kanns all Tweaks, Themes a villes méi installéieren!

Next Etapp: Tipps & Tricks vu Cydia & Tweaks! (dëst Säit ass momentan a bearbeschtung)