[vc_row][vc_column width=”1/1″][vc_column_text]Samsung Galaxy S5 ass ee impressionanten Smartphone, dat muss ech zwar soen! Ech hu Samsung net esou gären well et mat esou vill Funktiounen kommen di onneidech sinn mee mam Galaxy S5 muss de net alles hunn. Dir kënnt di extra Apps um “Samsung Apps” eroflueden. D’Kamera ass… Wow!! Fotoen si wonnerschéin, HDR Effekt, Hannergrond blur oder Donkel. Alles esou schéin! Videoen sinn zum Stauen, op et UHD (4K) Videoen sinn, oder super flësseg 60fps 720p Video oder einfach normal 1080p. Du kanns et dissidéieren.[/vc_column_text]

[/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column width=”2/3″][vc_column_text]Den Akku…. Do soen ech just eng saach: Keng Panik! En hält bei enger normaler Benotzung (heiansdo Fotoen, SMS a uruffen a Internet) gutt 9 Stonnen an et wor nach op 50% an hunn dann och eng kéier den ganzen Daach do leien gelooss während Wifi un wor fir Notifikatiounen a haat just 20% verluer a wann de di ganzen Zäit benotzt (haat 6 Stonnen non-stop domadder gespillt) da huet en 25% iwwreg mee hunn dann d’Nuecht net gelueden mee op Extrem Energiespueren gelooss a haat dann 5% verluer. Also ech hu nix mat deem ze meckeren. Tiptop, mol eng kéier kee Problem mam akku vu Samsung. (Vill spaas beim Rechen: Kuerz gesot ech kann en gutt 2-3 Deeg benotzen ouni Lueder)[/vc_column_text]
[vc_column_text]Di extra Funktiounen fannen ech zimlech praktesch, zumolst den Pols mooser, vu que dass ech jo Häerzproblemer hunn an oft mäin Häerz kontrolléieren kann ech mam Handy emmer kucken wei et mat mengem Pols sou leeft. Falls de Fitness mëss dann bass se sécherlech frou mam S Health deen dir gutt Informatiounen iwwer dein Fitness seet.[/vc_column_text]
[vc_column_text]D’Software vum Samsung geet esou flësseg obwuel ech schonn sou 30 Apps installéiert hunn. Multitasking ass bei deem kee Problem! Och wann esou vill leeft, den Handy ass gutt kill. Du mierks mol net dass en waarm ass. Just den Finger Scan ass, bon, net ze gebrauchen. Bei mir klappt just all 3. kéier, all dei aner seet en error woubäi beim iPhone 5S ëmmer gaangen ass,[/vc_column_text][/vc_column][vc_column width=”1/3″]
[/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column width=”1/2″][vc_column_text]De Gear 2 Neo ass och wow, also kuerz gesot, et ass genau esou wei mam Galaxy S5. Akku zimlech laang, 2 Stonnen Musik gelauschtert op Max. Toun huet en 30% verluer. D’Fitness getest fir 3 Stonnen an huet 20% verluer. Esou Saachen net ze benotzen klappt en locker 3 Deeg oder 4 souguer. Just leider den Pols geet net esou richteg, et erkennt net ëmmer mee mengen dat ass well meng Hand ze dënn ass fir d’Auer. Brauchen bëssen mei speck.

Wei scho gesot, den Handy ass elo mäin Haapthändy, et ass den Smartphone vu mengem Dreem just leider net iOS mee genuch fir mech do fort ze huelen. Ech wäert den iPhone zimlech krass vermessen mee den Galaxy S5 huet 100% gewonn ausser Apple erstaunt mech mam iPhone 6.[/vc_column_text]

[/vc_column][vc_column width=”1/2″][vc_column_text css=”.vc_custom_1398089468353{padding: 5px 10px !important;border-color: #e8e8e8 !important;border-style: dashed !important;}”]Meng Kuerzfaassung:
Samsung Galaxy S5 huet mech iwwerzeescht. Kamera ass perfekt, Software guer net schlecht, Funktiounen phenomenal, Akku impressionnant. Falls et eppes schlechtes iwwert den Handy gëtt dann ass et d’Haltung mee mengen ech si just net gewinnt an den Finger Scanner. Deen klappt net ëmmer. Den Gear 2 Neo ass och ee flotten Gerät deen dir oft Informatiounen seet ouni dass de muss den Handy eraushuelen. Deen huelen ech ëmmer mat![/vc_column_text]
[vc_pie value=”9.5″ color=”#59d600″ appearance=”counter” units=” vun 10″]
[/vc_column][/vc_row][vc_row bg_color=”#efefef” margin_bottom=”0″ type=”1″ margin_top=”0″ padding_left=”40″ padding_right=”40″ bg_position=”top” bg_repeat=”no-repeat” bg_cover=”false” bg_attachment=”false” padding_top=”20″ padding_bottom=”20″ parallax_speed=”0.1″][vc_column width=”1/2″][dt_slideshow width=”500″ height=”333″ posts=”samsung-galaxy-s5″][/vc_column][vc_column width=”1/2″][dt_slideshow width=”500″ height=”333″ posts=”samsung-gear-2-neo”][/vc_column][/vc_row]