Jailbreak fir iOS 9.3.4 an iOS 9.3.5 ass fir 32bit Geräter verëffentlecht an se ass semi-untethered (all Woch musst dir nees den Computer huelen fir ze Jailbreaken).
iOS 12.2
Di rezenst iOS Versioun
iOS 12.1.2
Di akutellst Versioun wou ee Jailbreak kann.
Jailbreak fir iOS 9.3.3 ass verëffentlecht an se ass semi-untethered (ëmmer wann den iOS Gerät aus geet, muss een nees Jailbreaken).
All iOS 8 Versioun ass machbar fir den Jailbreak bis op iOS 8.4.1. Do sollt dir elo op di rezent iOS Update updaten.
Meecht gestallte froen
Ass Jailbreak Legal?
Jo, et ass net schlëmm den Jailbreak ze maachen woubäi falls dir wéilt Apps déi kaschte gratis lueden, dat wier illegal (an domatt hëllefen ech iech net). Jailbreak ass do fir eben verschidde Funktiounen dobäi ze setzen di net mam iOS kommen.
Wäert ech nach Garantie hunn?
Indirekt schon, äre Gerät huet nach Garantie mee Apple wäert iech net dobäi hëllefen wann dir op ee Geschäft gitt an do no hëlleft freet. Virun dass dir an d’Geschäft domatt gitt, maach als éischt ee Backup mat iTunes dunn restauréier soudass kee spuer vum Jailbreak drop ass.
Kann iPhone doduerch futti goen?
Nee mee sollt eppes net méi richteg goen musst dir op iTunes restauréieren goen.
Wéi huelen ech den Jailbreak fort?
Dir musst mat iTunes den iPhone zerécksetzen. Falls dir awer wéilt äert Daten vum iPhone behalen, maach als éischt ee Backup (och mat iTunes) dunn kennt dir zerécksetzen.
Mäin iPhone hänkt beim Apple Logo!

Kann ech wéider Updates installéieren?
Leider net. Wann een den Update installéiert gëtt den Jailbreak fort (dir musst dann mat déi geupdated Versioun nees Jailbreaken).
Kann een op eng eeler iOS zerécksetzen?
Nee, déi Zäiten sinn eriwwer. Ee mol op enger neier iOS Versioun, ni méi zeréck.
Et ginn säiten wou steet den Jailbreak wier eraus?
Wéi ganz uewen erwähnt, et ginn relativ vill falsch Säiten (och genannt als Scam). Hei sinn puer vertrauenswürdeg Säiten wou een kéint nofollegen: iClarified, 9to5mac, Redmond Pie, iDownloadBlog, Apfeltalk,…
Wéieng Leit schaffen mam Jailbreak?
Wou keint ech higoen falls ech hëllef brauch?
Gitt op meng Haaptsäit, do fënnt dir Informatioune wou dir mech kënnt kontaktéieren.