Icon Tool kann dir puer Saache vum App modifizéiere wei zB. d’Cache läschen, Numm änneren, Notifikatioun Nummer zerécksetzen oder ëmänneren, Backup erstellen oder direkt am iFile opmaachen.

Wéi geet dat?

Klick op d’App a während dësem Swipe erof/erop a klick op dat wat de wëlls maachen. Falls du iOS 7 hues a benotzt Spotlight oft, rekommandéieren ech op Astellungen ze goen a Swipe Up unzemaachen a Swipe Down Aus. Falls Spotlight dir egal ass, da maach et Aus.

Icon Tool

  • iOS 5 – iOS 7
  • iPhone & iPod touch & iPad
  • 0,73€

Download Link fonktionnéiert nëmmen wann Cydia installéiert ass.
Fir Cydia ze hunn muss de däin iOS Gerät Jailbreaken.

Jailbreaken

Review Datum: 31. Januar 2014