Reinstalléieren

Eng résinstalléierung kann déi meescht Problemer behuewen.

Verkaafen

Näischt wäert drop bleiwen.

Neistart

Mëscht et nees schnell wei deemools.

Update

De neisten macOS direkt installéieren.

Video ënnerwee

1. Schrëtt: USB virbereeden

Gitt op den Mac App Store a lued dir di neist versioun vum macOS.

Download Link

Wann et erofgelueden ass, maach d’Installatioun zou.

Gitt op den Disk Utility a formatéiert ären USB Stick op Mac OS Extended (Journaled) a benënn et op MyVolume

Maach den Terminal op a kopéiert de folgenden Text.
sudo /Applications/Install\ macOS\ Monterey.app/Contents/Resources/createinstallmedia --volume /Volumes/MyVolume

Wann et kopéiert gouf, freet den Terminal no ärem Passwuert. Gëff deen an.

Während dem Tippen, weist näischt un. Dat ass normal, falls vertippt, kritt dir eng meldung dass et falsch aginn ass an muss een nees aginn.

Elo Gedold hunn. Dat heiten ka puer Minutten daueren (bei mengem fall 9 Minutten).

Tipp: Dir kritt Bescheed gesoot wann et fäerdeg ass.

Den USB ass prëtt fir op engem Mac ze installéieren. Falls dir op äerem Kolleg/Famill hirem Mac sitt, verloos deen elo a gitt op deen wou muss nei installéiert ginn.

2. Schrëtt: Mac formatéieren

Hal Option (oder alt) Tast gedréckt während dir de Mac un mess (Am beschte mat Kabel Tastatur).

Wiel äert d’Sprooch dunn op Disk Utility.

Wiel di Festplatt vun ärem Mac dunn op Läschen a benenn et wei dir wéilt (loos awer op Mac OS Extended (Journaled) an erëm op Läschen.

Wann dir d’Festplatt formatéiert, wäert all äert Daten vum Mac geläscht an ass net méi méiglech fir se ze recuperéieren!

Maach den Disk Utility zou an wielt Mac nei installéieren.

Klickt op äert Festplatt deen dir formatéiert hutt a Gedold hunn.
USB net erauszéie bis d’Installatioun ganz fäerdeg ass!

De Mac ass wéi nei als hätt dir se grad kaaf! Dir kënnt dann elo weider fueren mam Setup an äeren Account erstellen oder einfach aus maachen a verkafen.

Meescht gestallte froen

Wei ech et erkläert hunn, falls dir kee Mac zur Verfügung hutt, gitt bei engem Kolleg/Famill fir den éischte Schrëtt ze maachen. Den zweete Schrëtt kennt dir dann op ärem Mac maachen. Dir kennt natierlech och bis laanscht kommen a maachen dat alles gratis.

Falls et ufänkt lues ze goen oder Problemer ze hunn. Falls Scams/Malware oder soss komesch Programmer um Mac sinn, ginn déi dann och fort.

Sou oft de wëlls. Ech roden dat bei all drëtten groussen Update ze maachen wei vum macOS Yosemite (10.10) op macOS High Sierra (10.13) soudass de Mac stabil a problemlos leeft.

Et ass normal, den macOS huet gutt 6GB, dat ka fir verschidde Leit puer Stonnen daueren, och den kopéieren wann dir ee luessen USB Stick hudd.

Gitt op meng Haaptsäit, do fënnt dir Informatioune wou dir mech kënnt kontaktéieren.

macOS 10.13 High Sierra

sudo /Applications/Install\ macOS\ High\ Sierra.app/Contents/Resources/createinstallmedia –volume /Volumes/MyVolume

macOS 10.12 Sierra

sudo /Applications/Install\ macOS\ Sierra.app/Contents/Resources/createinstallmedia –volume /Volumes/MyVolume –applicationpath /Applications/Install\ macOS\ Sierra.app

Mac OS 10.11 El Capitan

sudo /Applications/Install\ OS\ X\ El\ Capitan.app/Contents/Resources/createinstallmedia –volume /Volumes/MyVolume –applicationpath /Applications/Install\ OS\ X\ El\ Capitan.app

Mac OS 10.10 Yosemite

sudo /Applications/Install\ OS\ X\ Yosemite.app/Contents/Resources/createinstallmedia –volume /Volumes/MyVolume –applicationpath /Applications/Install\ OS\ X\ Yosemite.app

Mac OS X 10.9 Mavericks

sudo /Applications/Install\ OS\ X\ Mavericks.app/Contents/Resources/createinstallmedia –volume /Volumes/MyVolume –applicationpath /Applications/Install\ OS\ X\ Mavericks.app