[vc_row][vc_column width=”1/1″][vc_column_text]Hei d’Review vum Xiaomi Mi3. Ee wonnerschéinen awer zimlech grousse SmartPhone vu China.[/vc_column_text]

[/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column width=”2/3″][vc_column_text]Xiaomi huet ee staarken a wonnerschéine SmartPhone hei gebaut fir ee mega bëllege Präis! En ass gigantesch an och ultra Staark mat engem Prozessor dee Quad-Core huet vu Nvidia Tegra 4 (1,8GHz). Et gëtt och ee Quad-Core Qualcomm Snapdragon 800 Modell. Een Display mat Gorilla Glass 3, also ganz schwéier en ze briechen awer wann’s de en ukucks da gesäis de eng Resolutioun vu 1080p bei engem 5 Zoll Bildschierm. D’Kamera ass zwar 13MP a kann 1080p Videoe maachen mee en ass net esou fantastesch wei ee mengt. Eng positiv Saach awer: Dual-Flash. Kriss also ganz vill Luucht bei enger Foto. Den Akku huet schonn eng laang Zäit duerchgehalen. Wor gutt 5 Stonnen (an en wor virdrun nach eng Zäitchen un) an haat en dann nach 5 Stonnen op Standby gelooss an huet elo 11% also relativ gutt. Design muss ech awer soen dass en styléiert ass. Mir gefält en wei et gebaut gouf. Net ze breet mee bëssen ze laang, zimlech identesch wei een Nokia Lumia just alt meeega dënn (8,1mm genau gesot)![/vc_column_text]
[vc_column_text]Software gesäit zimlech identesch wei um iOS aus just haalt mat besser Funktiounen an dat gefält mir besonnesch vill. Kanns och total kostüméieren an ee komplett anert Theme installéieren (an tipp fir Android User, dir kënnt d’Software selwer Teste wann’s de d’Launcher MiUI installéiers oder d’custom rom). All di haapt Funktioune sinn do a souguer puer extras di een net bei all SmartPhone fënnt. Just gëtt alt ee klenge Problem… Vue que dass et ee Chinesesche Software ass, ginn et 3 Sproochen: Englesch, Chinesesch (vereinfacht) a Chinesesch (Traditionell). D’Store fir Themen, Apps a Spiller erofzelueden ass nëmmen op Chinesesch an et gëtt mol kee Play Store. Mee vue que dass et een Android ass, kënne mir alles maache wat mir domadder wëllen. Dat heescht eng inoffiziell Software installéiere wou aner Leit alt d’MiUI op international sprooche mëscht, oder/a mir kennen och indirekt d’Google Play Store installéieren an hues dann nees di Apps a Spiller di mir kennen. Natierlech kann een dann een anere Launcher wei Nova oder Apex asw. installéieren.[/vc_column_text]
[/vc_column][vc_column width=”1/3″]
[vc_pie value=”8″ color=”#59d600″ appearance=”counter” units=” vun 10″]
[/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column width=”1/2″][vc_column_text]Xiaomi Mi3 geet ultra flësseg mat hirem 2GB RAM an alt deen ultrastaarte Prozessor. Villäicht di Stock Apps (Apps di agebaut sinn) remplacéieren da geet en souguer méi schnell. Alles geet relativ schnell, kaum Lag sinn komm just bei enger Saach wat ee muss onbedéngt maachen. D’Kamera App wiesselen oder iwwerhaapt keng Fotoe maachen well et ass schrecklech. Et dauert max. 3 Sekonne bis eng Foto gemaach gouf. Em di 5 bis 10 Sekonne wann’s de wëlls nach fokusséieren. Ech weess net op et un da Software läit oder alt bei da Kamera selwer well et dauert zimlech laang. Och d’Qualitéit ass wei gesot net dat wat een erwaart. Et ass natierlech net dat schlëmmst mee et mengt een du Fotograféiers mat engem Handy vu 2010.[/vc_column_text]
[/vc_column][vc_column width=”1/2″][vc_column_text]Den Akku ass fenomenal. Spaicher ass sou naja. Du kanns keng MicroSD kaart setzen an et gett just 16GB oder 64GB Modell woubäi em di 3GB scho benotzt gëtt fir d’Software. Präis ass esou wat vu wäert! 350€ fir den 16GB Modell an ëm di 100€ méi fir d’64GB variant. De rest ass alles Standart, Wifi, Bluetooth, NFC, MicroUSB, Radio an sou ass alles drop.[/vc_column_text]
[vc_column_text]Meng Kuerzfaassung: D’SmartPhone ass excellent, staark an elegant. Just alt d’Späicher ass eng kleng Enttäuschung. an d’Bedingung vun d’Kamera ass einfach schrecklech. Awer fir dee Präis ass et awer wäert. Bass de an da sich vun engem Phablet (Tablet Handy) dann ass d’Xiaomi Mi3 guer net schlecht.[/vc_column_text]
[/vc_column][/vc_row][vc_row bg_color=”#efefef” margin_bottom=”0″ type=”1″ margin_top=”0″ padding_left=”40″ padding_right=”40″ bg_position=”top” bg_repeat=”no-repeat” bg_cover=”false” bg_attachment=”false” padding_top=”20″ padding_bottom=”20″ parallax_speed=”0.1″][vc_column width=”1/1″][dt_slideshow width=”560″ height=”310″ posts=”xiaomi-mi3″][/vc_column][/vc_row][vc_row][vc_column width=”1/1″]
[vc_column_text]Review Datum: 15. Mee 2014[/vc_column_text][/vc_column][/vc_row]