Gitt op di Websäit vum Windows a lued iech den ISO.
Wisou Windows um Mac installéieren?
Elo wielt dir d’Sprooch, Lokalisatioun an Tastaturlayout vun ären Mac.

Hei gëtt dir d’Lizens vum Windows duerno op weider.

Windows installéiert elo, ee bëssen gedolt. Dëst kann 5-15 Minutte daueren.

Soubal et installéiert ass, start den Setup vum Windows un. Dir kënnt do äert déi infoe aginn.

Meecht gestallte froen
Wat ass ee Treiber?
D’Treiber handelt sech un eng Software dei et ermeiglecht äere Computer mat da Hardware zesummen ze kommunizeieren. Ouni déi néidech Treiber fonktionneiert Hardware net wei se sollen. (zB. Grafikkart, Wifi, Bluetooth, Kabelinternet, Printer,…)
Kann ech Windows a Mac gläichzäiteg benotzen?
Mat dëser Anleitung net, Boot Camp erstellt eng zweet Partitioun op äerer Festplatt wou dann am Start gewielt gëtt op ee Windows oder Mac starten well. Fir dass ee béides gleichzäiteg benotzen kann, misst een ee Programm wei Parallels benotzen.
Tipp: Zwou Betriesbystemer gläichzäiteg laafen ze loosen, hëlt vill Leeschtung vum Computer fort dofir empfehlen ech den Boot Camp.
Kann ech den Windows Testen eier dass ech kaafe muss?
Majo sécher! Windows 10 kann een 3 Deeg benotzen éier dass een deen muss aktivéieren. No deenen 3 Deeg ginn verschidde Funktiounen deaktiveiert (Hannergrond, Windows Updates, AntiVirus,…) mee et kann een duerno bei den Astellungen den Windows nodränglech aktivéieren.
Kann ech manuell auswielen op et mat Mac oder Windows start?
Jo. Direkt beim umaachen, muss een déi Wahltast (Alt) gedrëckt haalen. Duerno kënnt eng Fënster mat Mac oder Windows.
Kann ee Windows Virus an mengem Mac?
Nee, falls ee Virus sollt an äerem Windows zougräiffen dann ass et och just den Windows. Den Mac Software ass op eng aner Partitioun wou een net kann mat Windows dorober zougräiffen.
Brauch ech een Antivirus fir den Windows?
Wou keint ech higoen falls ech hëllef brauch?
Gitt op meng Haaptsäit, do fënnt dir Informatioune wou dir mech kënnt kontaktéieren.