Video ënnerwee
1. Schrëtt: USB virbereeden
Gitt op den Mac App Store a lued dir di neist versioun vum macOS.
Wann et erofgelueden ass, maach d’Installatioun zou.
Gitt op den Disk Utility a formatéiert ären USB Stick op Mac OS Extended (Journaled) a benënn et op MyVolume
Maach den Terminal op a kopéiert de folgenden Text.
sudo /Applications/Install\ macOS\ Catalina.app/Contents/Resources/createinstallmedia --volume /Volumes/MyVolume
Wann et kopéiert gouf, freet den Terminal no ärem Passwuert. Gëff deen an.
Elo Gedold hunn. Dat heiten ka puer Minutten daueren (bei mengem fall 9 Minutten).
Tipp: Dir kritt Bescheed gesoot wann et fäerdeg ass.
Den USB ass prëtt fir op engem Mac ze installéieren. Falls dir op äerem Kolleg/Famill hirem Mac sitt, verloos deen elo a gitt op deen wou muss nei installéiert ginn.
2. Schrëtt: Mac formatéieren
Hal Option (oder alt) Tast gedréckt während dir de Mac un mess (Am beschte mat Kabel Tastatur).
Den USB auswielen déi mir erstallt hunn.
Wiel äert d’Sprooch dunn op Disk Utility.
Wiel di Festplatt vun ärem Mac dunn op Läschen a benenn et wei dir wéilt (loos awer op Mac OS Extended (Journaled) an erëm op Läschen.
Maach den Disk Utility zou an wielt Mac nei installéieren.
Klickt op äert Festplatt deen dir formatéiert hutt a Gedold hunn.
USB net erauszéie bis d’Installatioun ganz fäerdeg ass!
De Mac ass wéi nei als hätt dir se grad kaaf! Dir kënnt dann elo weider fueren mam Setup an äeren Account erstellen oder einfach aus maachen a verkafen.
Mäin Mac geet net, wei soll ech et maachen?
Wisou sollt ech den Mac reinstalléieren?
Wei oft muss ech dat maachen?
Et luet scho méi wei 1 Stonn!
Wou kéint ech higoen falls ech hëllef brauch?
Installatioun fir äeler macOS Versiounen.
sudo /Applications/Install\ macOS\ High\ Sierra.app/Contents/Resources/createinstallmedia –volume /Volumes/MyVolume
macOS 10.12 Sierra:
sudo /Applications/Install\ macOS\ Sierra.app/Contents/Resources/createinstallmedia –volume /Volumes/MyVolume –applicationpath /Applications/Install\ macOS\ Sierra.app
Mac OS 10.11 El Capitan:
sudo /Applications/Install\ OS\ X\ El\ Capitan.app/Contents/Resources/createinstallmedia –volume /Volumes/MyVolume –applicationpath /Applications/Install\ OS\ X\ El\ Capitan.app
Mac OS 10.10 Yosemite:
sudo /Applications/Install\ OS\ X\ Yosemite.app/Contents/Resources/createinstallmedia –volume /Volumes/MyVolume –applicationpath /Applications/Install\ OS\ X\ Yosemite.app
Mac OS X 10.9 Mavericks: