Einfach

Et geet relativ schnell an einfach ze maachen.

Update

No engem groussen Update ass et wichteg déi Treiber ze aktualiséieren.

Windows

Dat ass just fir Windows neidesch. Mac braucht dat net.

DriverPack Solution

Den DriverPack Solution mëscht äre Windows Treiber am neiste Stand. Dat ass immens praktesch an Zäit spueren.

Gitt op di Websäit vum DriverPack Solution a luet iech di Online Versioun.

DriverPack Solution Link

Wann d’Programm op ass, klick op den Expertenmodus wat ganz ënnen kaum ze gesinn ass.

Gitt op Software a desaktivéier all Programmer déi dobäi kommen. Jo och déi di gäre wéilt.

Scroll um Programm weider erof well do ginn da puer Programmer déi markéiert sinn.

Installéiert déi Programmer vun hirer Offizieller Websäit, net iwwer dem DriverPack Solution well déi Programmer kommen dann op Russesch.

Gitt zeréck op den Treiber Tabell a scrollt ganz erof bei Utilities, do sinn och verschidde Programmer.

Sou dir sidd prett fir déi Treiber ze installéieren. Kontrolléiert op do näischt bei recommandéiert Programmer steet. Falls net, da kënnt dir op Automatesch Installéieren drécken.

Ab elo installéiert den DriverPack Solution deng Treiberen. Dat kann tëschen 1-30 Minutten daueren (Hänkt vun da Leeschtung vum PC).

Keng Panik, et ass normal dass de Bildschierm aus an un geet. Do installéiert den DriverPack deng Grafikkart.

Falls et no 10 Minutten hänke sollt, start de Computer nei a versich erëm (Wor bei engem Treiber hänke mee déi vu virdrun hunn sech installéiert).

Dat war et. Elo de Computer nei starten a kontrolléieren op alles fonctionnéiert wei et sollt.

Falls eppes net gaangen ass, start de Computer nei a probéier erëm. Wann et awer net geet, kontaktéiert mech.

Et ass normal wann et net all eenzel Treiber installéiert huet. Verschidde waren da schonn am neiste Stand.

Nach zum Schluss kennt dee Programm fir d’läscht kéier op a freet iech no ärem Feedback. Dir kënnt dee Smiley wiele wei et iech gefall hutt oder einfach zou maachen. Dir kënnt och hei ee Like ënnerloosse falls alles gutt gelaf ass.

Meecht gestallte froen

Wat ass ee Treiber?

D’Treiber handelt sech un eng Software dei et ermeiglecht äere Computer mat da Hardware zesummen ze kommunizeieren. Ouni déi néidech Treiber fonktionneiert Hardware net wei se sollen. (zB. Grafikkart, Wifi, Bluetooth, Kabelinternet, Printer,…)

Kann ech spéider dat nees benotzen?

Jo schon mee et ass net wierklech néideg. Dat ass éischter wann een de Computer zerécksetzt oder ee groussen Update installéiert wei Windows 8 op Windows 10.

Ech hu keen Internet fir dat ze lueden!

Dann musst dir mat engem anere PC den Internet Treiber (Wifi oder Ethernet) bei di Offizieller Websäit vun äre Mark PC eroflueden an op een USB Stick setzen dunn déi op dem PC installéieren. Dunn kennt dir beim DriverPack Solution goen.

Ech krut komesch Programmer dobäi?

Ech haat iech gesoot dir sollt bei Expertenmodus goen an bei Software di Programmer deaktiveieren.

Wei sollt een déi Treiber normalerweis installeieren?

Theoretesch sollt een op di offiziell Websäit vun da PC Mark goen (Acer, Asus, Toshiba, Lenovo,…) an do de Modell vun ärem Computer goen an dunn di Software auswielen déi dir hutt. dunn alles erofluede wat do néideg ass an installéieren. Dauert méi laang a ka fir Ufänger komplizéiert ginn.

Kann den Computer doduerch futti goen?

Jein, den Risk ass vun 1 op 1000. Ech selwer hunn dee Programm mat iwwer 3000 Computer benotzt an 3 dofunner kruuten dunn ee Bluescreen. Dat ass kee problem, Windows einfach nees frësch installeieren an dei Treiber dann vun da offizieller Websäit vun da PC Mark lueden.

Wou keint ech higoen falls ech hëllef brauch?

Gitt op meng Haaptsäit, do fënnt dir Informatioune wou dir mech kënnt kontaktéieren.