Eenzegaarteg
Optiméiert fir äert benotzung, perfekt fir dat wat dir braucht.
Upgraden
Komponenten verbesseren ouni nees ee neie PC kaafen.
Design
Stécker huelen wat Iech am bëschten gefällt.
Spueren
Selwer gebauten PC sinn méi bëlleg a besser.
Leider ass leider ee schlechte moment fir ee Computer ze kaafe.
Grafikkarten fënnt een néierens, iwwerall ausverkaaft a mat kee genauen Datum wéini et erëm op Lager ass. Dowéinst sinn d’Präisser dovunner och an d’Luucht gaangen. D’Grafikkarte wei déi Nvidia GeForce GTX 1650 sollten ëm 150€ kaschten, elo sinn se bei 300€ oder déi nei RTX 3060 Ti sinn normalerweis bei 550€ mee mat gléck fënnt een déi vu ronn 850€.
Rechen also mat méi laang Waardezäiten esou wéi ee méi deiere Präis. Wéi üblech ass all hëllef vu mir gratis, inklusiv PC Opbau an Installatioun.

Minimum
100 - 500€
De mindest Präis fir ee PC deen wéingstens fonctionnéiert.
Et ass net wierklech méiglech bei dëser Präisklass ze spillen mee wat interessant ass, ass dass mir kënnen den Computer spéiderhin verbesseren.
Fir Allgemeng Benotzung ass heiten nach an da rei. Dokumenter schreiwen, Internet surfen, Filmer kucken a Fotoe späicheren. Dat ass méiglech.
Am professionelle Beräich kéint een domadder nach schaffen, hänkt vum Programmer of wat gebraucht ginn. Natierlech kann een spéiderhin den Computer verbesseren fir méi staark ze maachen.

Starter
500 - 1000€
Dëst Präisklass kann een liicht spille oder anständeg benotzen.
Bei dëst Präisklass hutt dir zwou Optiounen. Entweeder benotzt dir temporär déi agebaut Grafik vum Prozessor dunn spéiderhin eng Grafikkaart nokaafen. Oder eng méi schwaach Grafikkart mee dowéinst kann besser spillen.
Fir Allgemenges ass dat heiten Präis ideal. Et ginn Optiounen wou een kann wielen wat ee léiwer huet, entweeder vill Späicherplaz oder roueg an effizient. Fir alles aneres geet den Computer immens schnell.
1080p Video Renderen oder Fotoe beaarbechten esou wéi Architektur an aner professionell Programmer kann dëst Präisklass gutt hikréien.

Empfohlen
1000 - 1500€
Dëst Präisklass kënnt dir gréisstendeels vun den Spiller op Héich Qualitéit spillen oder mat engem héischen FPS.
Allgemengen ass den Computer méi wei gutt genuch dobäi ass et och ganz roueg.
Ab dëst Präisklass kennen souguer leeschtungstaarke Programmer fleissend laafen.

Workstation
1500 - 2500€
D'Spiller wäerte fléissend mat héische Qualitéit kenne gespillt ginn a kann wärend deem och gutt Streamen.
De Computer wäert ee kaum héieren a leeft och zimmlech effizient. Genuch späicher ass och dofir gesuergt.
4K Videoe beaarbechten, RAW Fotoen oder Musek mat lauter plugins. Dat packt de Computer fléissend.

Ultimate
2500 - 4000€
Gréisstendeels vun d'Spiller kënne op 4K gespillt ginn, Streaming op déi héischt Qualitéit an/oder de Computer ka ganz aussergewéinlech ausgesinn.
Ween esou vill ausgëtt fir Allgemenges ze benotzen, deen huet dann een vun den rouegsten, effizienten an schéinsten Computer iwwerhaapt.
Alles wat een hei um Computer mëscht wäert souguer am professionelle Beräich locker packen.